13/10/2026
Ketty Thull, Maischi Tibesart, Sylvie Bisdorff...Et ass kee Geheimnis, dass mir op der Koeppchen begeeschtert vun der Lëtzebuerger Kichen sinn. Ab dëser Woch steet dofir och nach eise Wochemenü ganz ënnert dem Dogma: Richteg, Traditionnell, Lëtzebuergesch! Freet iech all Woch op déi grouss Klassiker aus eiser Heemecht. Lass geet et mat Champignons-Toast, Eeër mat wäisser Zooss an Äppelbeigneten. Denschdes bis Freides, Mëttes an Owes.