Nouspelter Buergbrenner a.s.b.l.

Nouspelter Buergbrenner a.s.b.l. Offiziell Sait vun den Nouspelter Buergbrenner. Hei kritt dir Infos iwwert aktuell Evenementer, Fotoen vu verschiddenen Aktiounen a villes méi :)

14/03/2026

Tickete fir déi 70. Emaischen ginn et wéi gewinnt bei eise Memberen, op Facebook an op Instagram 🎫

Et kann een en Ticket fir Samschdes oder fir Sonndes kafen 🐣 Déi kaschte jeeweils 15 € pro Owend an ee Kombi-Ticket fir déi zwee Owend gëtt et net ❌

D'Oweskeess ass dëst Joer pro Owend 17 €❗️

Mir freeën eis op iech 💚

Teschent gechter Owend (22/02 17:00) an haut den Metten (23/02 12:00) goufen eng 12 Batschen vun eisem Zelt opgeschlitzt...
23/02/2026

Teschent gechter Owend (22/02 17:00) an haut den Metten (23/02 12:00) goufen eng 12 Batschen vun eisem Zelt opgeschlitzt.
Falls een eppes gesin hätt, kann ech sech gären bei eis mellen.
Eng Plainte geint Onbekannt ass bei der Police deposeiert

21/02/2026

Le Buergbrennen 🔥
Tradition luxembourgeoise annonçant la fin de l’hiver et le retour des beaux jours.

🔥🥰
21/02/2026

🔥🥰

D'Buerg vun eise Frënn vun den Nouspelter Buergbrenner a.s.b.l. brennt, a mir kënnen och emol eng Kéier vun Ufank un dobäi sinn, well haut kee Mätsch gespillt gëtt. 🔥🤗😁

Mir sinn prett 💪 d‘Buerg steet 🔥 d’Zelt ass opgeriicht ⛺️ den Schocki an den Glühwäin sinn warm ☕️ den Beier an den Crem...
21/02/2026

Mir sinn prett 💪 d‘Buerg steet 🔥 d’Zelt ass opgeriicht ⛺️ den Schocki an den Glühwäin sinn warm ☕️ den Beier an den Cremant leien kaal 🍺🥂🍾 fir een gudde Maufel ass natirlech och gesuercht 🌭 kommt alleguer ab 18h00 laanscht op Nouspelt op den Leck an eis gehetzten Zelt 😁 den Reen huet sech och elo extra verzunn ☀️☀️
D‘Buerg gëtt géint 20h00 ugefaangen 🔥
Dono After Brun Party mam DJ Stanko 🎉🥳

17/11/2025
14/11/2025

Mir soen de Pompjeesfrënn Keespelt-Meespelt, der KREA Keespelt-Meespelt an dem Syndicat d'Initiative Nouspelt Asbl Merci fir d‘Nominéieren 😁

Mir hunn eise Bam geplanzt an hoffen dass en eng Kéier ganz grouss gëtt, sou wei eis Buerg 🌳🪾✝️🔥

Mir nominéieren:
1. FC Kielen
2. Al Kielener Pompjeeën
3. Ollemer Frënn

Dir hutt ab elo 72 Stonnen Zäit fir äre Bam ze planzen, wann net komme mir bei iech eppes iessen an drenken 🌳🥳🍻

Och dëst Joer hu mir rëm eisen traditionnelle Meekranz gemaach - eng Woch mei speit wei soss, an awer ass en schéin ginn...
09/05/2025

Och dëst Joer hu mir rëm eisen traditionnelle Meekranz gemaach - eng Woch mei speit wei soss, an awer ass en schéin ginn ? 😁🥳🍻💪

Mir hunn gechter Owend bei eis am Zelt een Schlëssel fonnt. Wann een deen vermesst kann en sech bei eis mellen.
09/03/2025

Mir hunn gechter Owend bei eis am Zelt een Schlëssel fonnt. Wann een deen vermesst kann en sech bei eis mellen.

Mir sinn prett 💪 d‘Buerg steet ✝️ de Beier an den Cremant leien kaal 🥂🍻 den Glühwäin an den Schocki sinn warm ☕️ An fir ...
08/03/2025

Mir sinn prett 💪 d‘Buerg steet ✝️ de Beier an den Cremant leien kaal 🥂🍻 den Glühwäin an den Schocki sinn warm ☕️
An fir ziessen ass natirlech och bechtens gesuergt 🌭🌭🍵

Kommt alleguerten ab 18h00 bei deem wonnerscheinen Wieder ☀️☀️ op Nouspelt op den Leck op eist Buergbrennen 🥳

Eist Zelt ass natirlech och gehetzt, well et awer nach kaal gëtt de Nowend ❄️

D‘Buerg gëtt géint 20h00 ugefaangen 🔥🔥

Dono after burn Party mam DJ Stanko🥳🎉

Dëse Weekend fuere mir traditionell duerch Nouspelt an Dondel vun Haus zu Haus fir Chrëschtbeemercher ze verkafen 🌲 de g...
29/11/2024

Dëse Weekend fuere mir traditionell duerch Nouspelt an Dondel vun Haus zu Haus fir Chrëschtbeemercher ze verkafen 🌲 de ganzen Detail fannt dir um Flyer ⬇️
Nei dëst Joer: mir verkafen och selwer gekachtend Glühwäin-Gebeess 😋 schou schmaacht d'Schmier moies schonn no Chrëschtdag 🎅🏻⭐️

Mir sinn prett fir eisen Schnitzelowend mat Baurelotto haut den Owend 💪🥳 kommt gären een laanscht drenken 🥂🍻 an spillt d...
14/09/2024

Mir sinn prett fir eisen Schnitzelowend mat Baurelotto haut den Owend 💪🥳 kommt gären een laanscht drenken 🥂🍻 an spillt déi eng oder aaner Manche Baurelotto mat 🐄🐄 ab 18h00 gëtt et Apero 🎉

Adresse

Rue De Kehlen
Nospelt
L-8390

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Nouspelter Buergbrenner a.s.b.l. publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Nouspelter Buergbrenner a.s.b.l.:

Partager