07/10/2026
🇱🇺 Presentatioun vum Budgetsprojet 2027
✅ D’CGFP begréisst ausdrécklech, datt d’Regierung um Index festhält an op eng staark a stabil Fonction publique setzt.
💶 Déi zousätzlech finanziell Moyenen, déi ë.a. fir d’Police, d’Arméi, d’Rettungsdéngschter, d’Justiz zur Dispositioun gestallt ginn, sinn e wichtegt Signal am Interessi vu Land a Leit. D’Investissementer an nei Schoulinfrastrukture sinn och en noutwendege Schrëtt an déi richteg Richtung.
⚠️ Bei de Stock Options fir innovativ Betriber bleift d’CGFP skeptesch. An eisen An besteet do nach gréissere Klärungsbedarf.
D’CGFP bedauert, dass duerch d’Erofsetze vun der Kierperschaftssteier den Déséquiliber beim Steieropkommes tëscht de personnes physiques an den Entreprise weider verstäerkt gëtt.
❗Mat Erstaune stellt d’CGFP fest, datt bei der Budgetspresentatioun nëmme ronn d’Hallschent vun de Regierungsmemberen am Plenum präsent waren.