03/03/2026
🎳 Serveur / Serveuse (m/f) 15-20St Woch
– All In Family Fun Center
Mir sichen dech!
All In Family Fun Center zu Heiderscheid ass méi wéi nëmmen e Restaurant – mir si Bowling, Play-In, Billard a Spaass fir déi ganz Famill. Als lëtzebuergescht Familljenentreprise setze mir all Dag op Qualitéit, gudde Service a gëttlech Stëmmung.
Fir eist Team ze verstäerken, siche mir eng motivéiert Servicekraft (m/f) – ob an der Restauratioun, beim Bowling oder am Play-In.
Deng Aufgaben
Du bass den éischte Kontakt fir eis Clienten: Du empfänks si mat engem Laachen, berots si beim Iessen a Gedrénks, hëlls d'Bestellungen op a servéiers mat Professionalismus. Doriwwer eraus këmmers du dech ëm d'Enregistréierung vun eise Bowling-, Kegel- a Billard-Gäscht, hëlls bei der Kees, suergs fir eng propper Sall a packs mat un wann et ëm Liwwerungen, Stockage oder kleng technesch Problemer bei de Spiller geet. Och den Ofschloss vum Dag gehéiert zu dengem Alldag.
Wat mir sichen
E Mënsch mat Dynamik, guddem Kontakt zu Kanner wéi Erwuessener, an enger positiver Astellung. Du bass motivéiert, pünktlech, belastbar a schaffst gäre am Team. Du hues eng gutt Presentatioun a behälts och wann et stresseg gëtt den Iwwerbléck. Mat der Kees an dem Computer kanns du ëmgoen. Eng éischt Erfahrung an der Gastronomie ass e Plus – awer net Bedingung.
Sprooch & Viraussetzungen
Lëtzebuergesch ass Pflicht. Franséisch, Englesch an/oder Däitsch sinn e Bonus. Du bass minimum 18 Joer al a hues e Führerschäin (Permis B).
Aarbechtskonditiounen
📅 15–20 Stonnen d'Woch, ouni Coupure
🕐 10-Stonnen-Deeg, a Prinzip Freides, Samschdes a Sonndes
🌙 Owes- a Weekend-Aarbecht
📍 Heiderscheid
Interessi? Mell dech bei eis – mir freeën eis op dech! 🎉
Email: [email protected] oder Whatsapp 621 386 728