18/04/2025
**Eng Foodtruck-Ära geet no 4 Joer op en Enn.**🫶
4 Joer voller Eventer, Concerten, Gebuertsdeeg an Privateventer – an alles huet an der Parkstrooss zu Diddeleng während dem Covid ugefaangen.
Wat mir zesumme mat eisen Kollegen, Frënn a Client’en erlieft hunn, ass wierklech net a Wierder ze faassen. Déi vill flott Momenter, d’Staren, déi mir duerften materliewen, an alles wat mir konnten léieren, war einfach en Dram. 😍🔥
Den merci geet eraus un an all eis Privat Client'en ❤️
Ouni äre Support an är Loyalitéit wier den Baba an d’Famill net do ukomm, wou se haut stinn.
Dofir soe mir iech vu ganzem Häerz MERCI ❤️🫶
Wéi gesot:
D’Foodtruck-Ära geet op en Enn – mee de Projet BABA lieft weider!
Ënner anerem zu Diddeleng am .
Mir setzen alles drun, eis Kichen esou séier wéi méiglech op Vitesse ze bréngen, fir iech no 24 Méint erëm eis spektakulär Kichen ze zervéieren.
Natierlech hu mir och nach 2–3 spannend Projet’en am Hannergronn fir iech plangt.
Den Baba an d’Famill drécken iech all fest – a mir gesinn eis geschwënn! 🤝
Op dësem Wee geet e grousse Merci un eis Mama an eise Baba, fir hir onermiddlech Aarbecht an den enormen Invest, deen si geleescht hunn. Si waren d’Käpp hannert dësem Familljebetrib.
BABA & Family