28/08/2026
👍👍👍
🇱🇺 28. August 1997: D’Enn vun der klassescher Stolproduktioun zu Lëtzebuerg
Den 28. August 1997 gouf den Héichuewe B zu Belval definitiv ausgeblosen. Hie war dee leschten Héichuewen, deen zu Lëtzebuerg nach a Betrib war. Domat ass d’Ära vun der klassescher Eisen- a Stolproduktioun zu Lëtzebuerg op en Enn gaangen.
Den Héichuewe B, deen 1970 a Betrib geholl gi war, huet aus Eisenäerz a Koks flësseg Goss produzéiert. Dëse gouf duerno am Stolwierk zu Stol verschafft. Zesumme mam Héichuewen A, deen 1965 a Betrib geholl gi war, erënnert hien un eng Produktiounsweis, déi d’Wirtschaft, d’Landschaft an d’Liewe vu Generatioune vun Aarbechter gepräägt huet.
D’Stolproduktioun zu Belval ass awer weidergaangen. Amplaz vun Eisenäerz a Koks gouf de Stol vun do un an engem Elektro-Uewen haaptsächlech aus recycléiertem Eiseschrott produzéiert.
Haut sinn d’Héichiewen A a B an d’Cité des Sciences integréiert. Als markant Zeie vun der Lëtzebuerger Industriegeschicht verbannen si d’Stolindustrie vu fréier mat den neien urbanen, wëssenschaftlechen a kulturelle Funktioune vum Belval.
🇫🇷 28 août 1997 : la fin de la filière sidérurgique classique au Luxembourg
Le 28 août 1997, le haut-fourneau B de Belval fut définitivement éteint. Il était le dernier haut-fourneau encore en activité au Luxembourg. Son arrêt marqua la fin de la filière sidérurgique classique, également appelée « phase liquide ».
Mis en service en 1970, le haut-fourneau B produisait de la fonte à partir de minerai de fer et de coke. Cette fonte était ensuite transformée en acier dans l’aciérie. Avec le haut-fourneau A, mis en service en 1965, il témoigne d’un mode de production qui a profondément façonné l’économie, les paysages et la vie de plusieurs générations de travailleurs.
La production d’acier ne disparut cependant pas de Belval. Elle se poursuivit grâce à la filière électrique, utilisant principalement des ferrailles recyclées.
Aujourd’hui intégrés à la Cité des Sciences, les hauts-fourneaux A et B constituent des témoins majeurs du patrimoine industriel luxembourgeois. Ils relient le passé sidérurgique de Belval à ses nouvelles fonctions urbaines, scientifiques et culturelles.
🇬🇧 28 August 1997: the end of traditional steelmaking in Luxembourg
On 28 August 1997, Blast Furnace B at Belval was permanently shut down. It was the last operating blast furnace in Luxembourg. Its closure marked the end of the country’s traditional integrated iron and steel production route, also known as the “liquid phase”.
Commissioned in 1970, Blast Furnace B produced pig iron from iron ore and coke. The pig iron was subsequently converted into steel at the steelworks. Together with Blast Furnace A, commissioned in 1965, it bears witness to a production process that profoundly shaped Luxembourg’s economy, landscapes and the lives of generations of workers.
Steel production did not disappear from Belval. It continued through the electric route, using mainly recycled scrap metal.
Now integrated into the City of Science, Blast Furnaces A and B are major landmarks of Luxembourg’s industrial heritage. They connect Belval’s steelmaking past with its new urban, scientific and cultural functions